Maischi Tibesart

Coaching & Familljeberodung– Maischi Tibesart

Mir sichen no Ärem roude Fuedem a spannen en zesumme weider.

Maischi Tibesart
Photo © Jean Huot / éditions guy binsfeld

Maischi Tibesart - Coaching & Familljeberodung zu Lëtzebuerg

Nodeems ech zu Dräibuer am Centre socio-éducatif de l’État mat de Jugendleche gekacht hunn, e Buttek mat Holze Spillsaachen opgemaach hunn, hunn ech mech am Alter vun 42 Joer op der Uni.lu ageschriwwen. En Diplom als Assistante sociale & Master am Management a Coaching an der Educatioun an am Sozialwiesen op der Uni.lu hu mech glécklech gemaach.

Niewent der Publikatioun vu mengem Kachbuch „E Maufel Lëtzebuerg“ schaffen ech als fräi Familljeberoderin a fille mech mat menge villen Zousazformatioune kompetent a menger Beruffung.

Zesumme kachen, zesummen iessen – am klenge Krees, mat Familljememberen oder Frënn – ass a bleift e flotte Moment, dee sech als Erënnerung festegt.

Hei fannen sech all d’Parallelen zu mengem neie Beruff: Zesumme kachen oder sech ze begéine fir e Gespréich, huet als Zil, e gudde Moment ze hunn – eppes erschafen, wouraus nei Iddien, nei Rezepter, respektiv nei Perspektiven entstinn…

Ech ënnerstëtzen Iech bei

  • Erzéiungsfroen

  • schwieregen Familljesituatiounen

  • Konflikter an der Koppel

  • Der Sich no Orientéierung a Stabilisatioun

  • Grenziwwerschreidungen

  • Ängschten

  • Mobbing

  • Burnout an Depressioun

  • a nach villes méi

Meng Schwéierpunkten

  • systeemesch Familljentherapie

    HSI Heidelberg

  • systeemesch Kanner- a Jugendlechentherapie

    HSI Heidelberg

  • gewaltfräi Kommunikatioun

    Marshall Rosenberg

  • Bindungstheorie

    Beim Prof. Dr. K. H. Brisch

  • Kognitiv Verhalenstheorie

  • Traumasensible Coaching

    SySt Institut, München

  • Kuerzzäittherapie

    SySt Institut, München

  • Dialectical behavior therapy (DBT)

    Formation interne, CHNP

Ech wëll Kontakt ophuelen